Häerzlech Wëllkomm op eisem Hanshaff!
Eisen Haff leit an dem klengen Duerf Boukels an der Gemeng Géisdref. Mir sinn e modernen Mëllechveihbetrib an der 3. Generatioun mat +/-70 Kéi, plus Opzuucht. Mir leeën vill Wäert ob d’Gesondheet an d‘Wuelbefannen vun eisen Déieren.
Bei eis um Haff wunnen verschidden Déieren: Päerd, Kanéngercher a Mierschwéngercher, Hénger, Geessen, Kazen an eis Muppen.
Mir bidden verschidden Aktivitéiten passend zu den Joreszäiten iwwert dat ganzt Joer un. Bei eisen Aktivitéiten leeën mir vill Wäert drop, datt den Kanner d’Landwirtschaft, Bewosstsinn fir eis Ëmwelt an och Produktioun vun eisen Liewensmëttel ob eng spilleresch Aart an Weis vermëttelt gëtt.
Bei all den Aktivitéiten gëtt et vill neies ze entdecken an dobäi ginn gläichzeiteg eis 5 Sënner ugereegt:
Dir sidd nach ob der Sich no engem flotten Kannergeburtsdag fir Äert Kand? Mir organiséieren eech e flotte Gebuertsdag um Haff, deen Ärt Kand secher nik vergeessen wärt.
Op eisem Haff kënnt dir eng ganz Reih un Aktivitéiten mat de Kanner ënnerhuelen.
Seit 2024, bidden mir och individuell déierengestützt Interventiounen fir Eenzel Persounen oder kleng Gruppen un. Do geht et em Förderung vun individuellen Zieler mat der Ennerstetzung vun eisen Déieren.