Déierengestützt Interventiounen

„Die Interaktion mit Tieren öffnet unser Herz, beruhigt unseren Geist und heilt unsere Seele.“
Unbekannt

Déieregestützt Interventioun ass eng Methode wou Déieren an dei pädagogesch Arbecht mat agebonnen ginn fir d’Persounen bei hierer perséinlecher Entwécklung ze ennerstetzen. Dobäi kann een d’Persounen an ganz villen Beräicher förderen, wei z.B. am physischen, sozialen, emotionalen, psychischen an am kognitiven Beräich.

Bei der Interaktioun mam Déier ginn besonnesch Empathie an Verantwortungsgefill gefördert.

Dei positiv Wirkung vum Déier ob den Mensch ass wessenschaftlech bewisen. Déieren motivéieren de Client fir nei Erfahrungen ze sammelen, aner Kompetenzen ze entweckelen an sech neien Hürden ze stellen. Mat dësen positiven Erfahrungen gëtt d’Selbstvertrauen an dat emotionalt Wuelbefannen gestärkt.

Déieren vermëttelen Entspaanung an Vertrauen, sie sinn oft en „Türöffner“ an förderen d‘Kommunikatioun. Mat der Präsenz vum Déier entstinn ganz interessant Gespreicher, dei soss fleit an enger anerer Atmosphäre nik sou meiglech wieren.

Eis Déieren sinn gewinnt an trainéiert fir mat verschidden Leit ze schaffen, ob kleng oder grouss, mat Behennerung oder am Rollstull.

Ons leit besonnesch bei desem Angebot d’Wuelergoen vun eisen Déieren um Herz. Eis Déieren kreien zu hierer besonnecher Arbecht, hieren Ausgleich fir datt och sie eng Work-Life-Balance haalen kennen.

Dest Angebot bidden ech fir Eenzel Settings oder kleng Gruppen un.

Se dir dorun interesséiert oder hutt dir fleit nach Froen dozou? Dann mellt eech bei mir. 😊

Biller soen mei, wei 1000 Wierder: