Iwwert Eis
Mir sinn e rengen Familljebetrib. Bei eis schafft déi ganz Famill Hand an Hand zesummen.

De Jeff
Ass Agraringenieur an huet den Haff 2012 vun sengen Elteren iwwerholl. Hien ass zoustänneg fir alles: Kéi, Opzuucht, Akerland. Nieft der grousser Verantwortung an der viller Aarbecht, hëlt sech awer ëmmer bëssen Zäit fir den Kanner Moien soen ze kommen an och mol eng Aktivitéit ze iwwerhuelen. Do dernieft probéiert hien dann och ëmmer dem Sandra seng Ideen handwierklech an d’Realitéit emzesëtzen.
D’Laura an d’Sophie
Sinn all Dag gären dobaussen an der Natur an verwinnen eis Déieren gären mat e puer extra Streicheleenheeten an leckerem Iessen.
D’Sandra:
Ass diploméiert Erzéierin, hott den Zertifikat Bauernhofpädgogik gemaach an ass Mamm vun zwee Meedercher, d’Laura an d‘Sophie. Hatt hëlleft vun Ufank un nieft sengem Beruff um Haff. 2019 no der Gebuert vum éischten Kand huet hatt decidéiert sech ganz op d’Ferme pédagogqiue an op d’Aarbecht um Haff ze konzentréieren. Hatt ass zoustänneg fir den Hanshaff, d’Fleeg vun all den Déieren an wuselt och gären an de Planzen, mëscht de Büro an suergt fir d’Famill.
An natierlech ouni eis Famill an eis Elteren wier dëse Projet net ze realiséieren, si ënnerstëtzten eis an halen eis den Réck fräi. An bei Nout um Mann zecken si och net, eis eng Hand mat unzepaken..