Kannergebuertsdag

Dir wëllt ären Kannergebuertsdag bei eis feieren?

Vum Kanéngchen bis bei déi grouss Mëllechkéi, egal op grouss oder kleng, mir suergen fir en onvergiesslechen Nomëtteg mat denge Frënn an denger Famill.

Puer nëtzlech Informatiounen fir een gelongenen Gebuertsdag:

  • Ab 3 Joer kennen d’Kanner hiren Gebuertsdag bei eis feieren
  • D’Kand bréngt säin Kuch an sengt Gedrénks mat, fir datt mir secher sinn datt et schmaacht
  • Eist Läffelsgeschir, Telleren, Zerwéiten, Becheren stinn Eech zur Verfügung
  • Max. 10 Kanner
  • 14:00 – 17:00 Auer
  • Präis ob Ufro

Dat hei ass eisen Neckelchen. Hee schéckt dech an deng Frënn ob eng spannend Schatzsich.
Nieft dem verwinnen vun eisen Déieren steet ob dengem Dag, Spill an Spaass mat denge Frënn am Virdergrond.