Aktivitéiten

Mir empfänken Schoulklassen, Maison Relais, Crèche, Senioren, Leit mat enger Behënnerung,… Jiddwereen ass Wëllkomm. Mellt Eech bei eis, mir fannen déi richteg Aktivitéiten fir ären Grupp.

Dir wëllt ären Kannergebuertsdag bei eis feieren?

Vum Kanéngchen bis bei déi grouss Mëllechkéi, egal op grouss oder kleng, mir suergen fir en onvergiesslechen Nomëtteg mat denge Frënn an denger Famill.

Puer nëtzlech Informatiounen fir een gelongenen Gebuertsdag:

  • Ab 3 Joer kennen d’Kanner hiren Gebuertsdag bei eis feieren
  • D’Kand bréngt säin Kuch an sengt Gedrénks mat, fir datt mir secher sinn datt et schmaacht
  • Eist Läffelsgeschir, Telleren, Zerwéiten, Becheren stinn Eech zur Verfügung
  • Max. 10 Kanner